Mir si prett, Verantwortung ze iwwerhuelen!

Euphorie, Emotiounen, Virfreed a vill Realpolitik: Den ADR-Nationalkongress vum 26. Mäerz 2023 am Parc Hotel Alvisse wäerten déi ronn 200 Leit net esou schnell vergiessen. Den ADR-Nationalpresident Fred Keup, vum Nationalkommitee eestëmmeg als Spëtzekandidat fir d’Nationalwalen 2023 designéiert, huet a senge Rieden de Sall zum Vibréiere bruecht. Och déi aner Riedner hu kloergemaach: D’ADR ass d’Alternativ fir Lëtzebuerg. D’ADR ass méi wi jee prett, Verantwortung ze iwwerhuelen. Mat der ADR gëtt Lëtzebuerg nees zu engem sécher Land, mat der ADR gëtt Lëtzebuerg nees zu engem liewenswäerte Land – e Land, wat seng Sprooch an Identitéit héichhält. Mat der ADR ass endlech Schluss mat Gender-Gaga an där geféierlecher “woke“-Kultur, déi de Leit ëmmer méi virschreift, wéi si ze schwätzen hunn, wéi si sech ze behuelen hunn a wat si ze denken hunn. D’Cancel-culture mécht sech
Back to Top