Ech si Lëtzebuerg

Ech si Lëtzebuerg (serge tonnar 10-13) 1 Ech si mat Muskelschwund de Georges Christen De Girardelli am Plou op Ufängerpisten De Bommeleeër an och säi Riichter Ech sinn den Thierry awer anonym an niichter Ech sinn de Frieden als grousse Künstler Den André Hoffmann als Member am Cercle Münster Ech sinn am Te Deum an hu kee Kleed un Ech sinn de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse déi sech gescheet hunn Ech sinn de Bëttel dee glat keng Sau kennt Ech sinn de Mittal deen ënnert der rouder Bréck pennt Ech sinn de Fränk an ech hu kee Brudder D’Lea Linster a kache fir Kackmaschinne Fudder REF Ech sinn alles, an ech sinn näischt D’Madeléin déi laacht, de Klon dee kräischt Et gëtt däi Lëtzebuerg, an et gëtt mäint Looss et gutt sinn, jidderengem säint 2 Ech sinn den Dillenbourg mat Hoer an der Nues Ech sinn de Guill
Back to Top